Entrevue mam Här Premierminister Xavier Bettel

Entrevue mam Här Premierminister Xavier Bettel

Den Donneschdeg, 9. Juni 2023 hat eise President Marc Trossen eng Entrevue bei eisem Premierminister Xavier Bettel am Staatsministère, fir säin néit Buch: Vom Partisaneneinsatz in Jugoslavien ins KZ Dachau, das Tagebuch von Jemp GILLEN, Soldat der Luxemburger Freiwilligenkompanie (1940 – 1945), erausgi vun eisem Veräin, der Unioun, virzestellen. Begleet gouf hie vum Jemp Gillen senger Duechter, dem Marie-Rose, déi zanter engem Joer Comitéesmember vun der Unioun ass a vum Sekretär Fabien Flies. D’Marie-Rose huet der Unioun eng ganz Rëtsch vu perséinleche Géigestänn vun hirem Papp ginn, dorënner dem Jemp seng KZ Uniform vun Dachau a säin Tagebuch, wouran hie seng Erliefnisser als Zwangspolizist wärend der däitscher Besatzung a seng Leidensjoren a Gefaangenschaft beschréift. Dëst Tagebuch war dann och den Usporn fir dëst Wierk, wat op sengen 365 Säiten och eng 353 impressionnant Fotoen an Zäitdokumenter weist.

Am Numm vun der Unioun soe mir dem Här Premierminister nach eemol e ganz grousse Merci fir dësen häerzlechen Emfank a fir seng Ënnerstëtzung. Mir soen awer och dem Här Majerus vum Service Mémoire de la Deuxième Guerre mondiale e grousse Merci fir seng Hëllef bei der Realisatioun vun dëser Entrevue.