E klengen Historique vun der Unioun vun de Lëtzebuerger Resistenzorganisatiounen

Am Krich, den 23. Mäerz 1944, hu sech déi 3 Resistenzorganisatiounen L.P.L., L.R.L. an L.V.L. zesummegeschloss, an d’UNIO‘N gebilt (Proklamatioun). Déi Zäit wor e véierte Grupp, de „Lëtzebuerger Fräiheetsbond“, och a reegem Kontakt mat der UNIO‘N, där hien awer, aus Sécherheetsgrënn, eréischt den 1. September 1944 offiziell bäigetratt ass.Scho laang virun deem Datum war de Message vun den Alliéierten op Lëtzebuerg iwwerbruecht ginn, datt déi verschidde Resistenzgruppe sech sollten an enger eenzeger iwwergräifender Organisatioun zesummeschléissen. Esou kéinte si méi effikass géint den Okkupant virgoen, an duerno an de befreite Gebidder den alliéierten Truppen de Réck vun ënnergedauchte Nazie fräi halen. Si sollten dann och eisen Autoritéiten hëllefen, d’Land erëm opzeriichten.

An den éischte Wochen no der Liberatioun konnte weder d‘Police, d‘Gendarmerie, d‘Sûreté, d’Arméi nach d’Post, d‘Eisebunn an esou weider, hir Déngschter ophuelen. Op alle Plazen am Land hu verständlecherweis Leit gefeelt an dach ware Stroossen, Schinnen, Telefonskabelen ze flécken, an dat besonnesch am Éislek. Déi zu Lëtzebuerg, a Frankräich oder an der Belsch verstoppte „Jongen“ sinn an d’UNIO’N agetratt an hunn de Resistenzler gehollef, d’UNIO’N ze verstäerken. Dobäi ass ze bemierken, datt déi vill zwangsrekrutéiert „Jongen“, déi an alliéierter Gefaangenschaft waren, eréischt laang Méint nom Waffestëllstand an d’UNIO’N antriede konnten.

D’UNIO‘N huet, wéi d’Preisen „Heim ins Reich“ gelaf sinn, eng Miliz op d’Been gestallt, déi enk mat den Amerikaner zesumme geschafft huet. Ons Leit souzen op de Sherman-Panzeren oder an de Jeepen, fir den Amerikaner an onser Géigend d’Widderstandsnäschter vun der Wehrmacht ze weisen. D‘Milizmänner stounge mat den Amerikaner Waach virun ëffentleche Gebaier oder no laanscht déi däitsch Grenz, fir déi a Lëtzebuerg afalend däitsch Stousstruppen ofzefänken. Do ass besonnesch un d’Miliz vu Veianen ze denken, déi de Preisen op eng absolut heroesch Manéier de Bass gehalen huet. Op villen anere Plazen war d’Miliz vun der UNIO’N am Asaz, esou z.B. zu Schëtter wou, duerch een onglécklechen Zoufall, zwee Milizleit erschoss goufen. De Milizmann Jemp BERTRAND vu Minsbech a säi Kolleg si mat engem Motorrad laanscht de Kaffishaff gefuer, fir ze kucken, op nach Preisen an der Géigend wären. Zu Manternach ass esou eng änlech Faart tragesch ausgaangen, an zwee Milizleit si vun de Preisen erschoss ginn an ee weideren ass schwéier blesséiert ginn.

D’UNIO’N huet och de gudde Lëtzebuerger, déi nach net aus der Ëmsiidlung oder Gefaangenschaft erëm waren, hiren Eegentum bewaache gelooss. D‘Unionisten hunn drop gedréckt, fir d‘lëtzebuergesch Kazettler aus der Friemd an d’Land zréckzehuelen a si sinn souguer selwer an d‘Kazett Buchenwald gefuer, fir ons Resistenzler vun do heemzebréngen. Doheem hu si och déi Leit, déi oft guer näischt méi haten, finanziell ënnerstëtzt. Si hunn sech de Kanner vun de Resistenz-Märtyrer finanziell ugeholl, an hunn dat och nach laang Joren duerno gemaach. Si hunn Awunner aus verschiddenen Uertschaften, besonnesch am Éislek, mat Liewensmëttele versuergt an hunn Transporter fir si gemaach. Si hunn och Zertifikater a Persoune-Beuerteelungen ausgestallt. Si hunn de Leit gehollef, wou si nëmme konnten.

Eng vun den Haaptaufgabe vun der UNIO’N war, d’Kollaborateuren ze verhaften a si an déi verschidde Prisongen am Land ze féieren an do ze bewaachen. Do ass et och emol duerch de graffe Beidel gaangen. Deen een oder aneren, deen en Offizéier vum Wehrmachtskommando aus der Stad mat Hamen an Zoossisse bestach hat, fir säi Jong vun der Wehrmacht zréckgesat ze kréien, huet sech dann emol mat e puer Gielemännercher an engem Schwéngsstall agespaart erëmfonnt, an huet do op säin Oftransport an de Grond gewaart. Natierlech sinn do Iwwergrëffer geschitt. Et muss een awer verstoen, datt e Jong, deen en halleft oder e ganzt Joer permanent an Doudesgefor war, an deen an engem Bësch oder an enger Scheier verstoppt souz, dem Ortsgruppenleiter aus sengem Duerf no der Liberatioun op mannst e kräftege Fouss hannebäi wollt ginn. An deem Kontext sinn awer wierklech grave Saache geschitt, déi een natierlech muss condamnéieren. Do hu mir zu Lëtzebuerg awer absolut keng Ausnam gemaach. A Frankräich, Holland oder an der Belsch wor d’Roserei op déi Landesverréider op mannst esou grouss.


Fir méi Informatiounen, kuck d‘Archiven