D’UNIOUN op de Walfer Bicherdeeg vum 18. bis 19. November 2023

E wichtege Rendez-vous an der Agenda vun der Unioun sinn och d’Walfer Bicherdeeg. Op der dësjäreger Editioun vum 18. bis 19. November war d’Unioun dann och mat engem Stand gutt vertrueden. Nieft hire scho bekannte Publikatiounen: « Verluere Joeren Band III a IV» vum Marc TROSSEN, « Evakuatioun a Frankräich, Mee – August 1940 » vum Claude VANDIVINIT a « Les Luxembourgeois en France de 1940 – 1945 » vum Marc TROSSEN, war d’Unioun awer och houfreg, hir fuschnei Publikatioun mam Titel: « Vom Partisaneneinsatz in Jugoslavien ins KZ Dachau: das Tagebuch von Jemp GILLEN, Soldat der Luxemburger Freiwilligenkompanie (1940 – 1945)» dem breede Public kënnen ze presentéieren. An dësem Wierk geet et ëm de Leidenswee vun hirem fréiere Member Jemp GILLEN, Zaldot vun der Lëtzebuerger Fräiwëllegekompanie, deen als Zwangspolizist an de geféierleche Partisanenasaz a Jugoslawien forcéiert ginn ass. Nodeems hie sech geweigert hat, deen Eed op de Führer ofzeleeën, gouf hie fir schrecklech 3 Joer an 1 Mount an d’KZ Dachau agewisen.

Nieft dëse Publikatiounen huet d’Unioun de Visiteuren awer och nach eng Hellewull un Objeten aus der Uniounsgeschicht an aus dem fréiere Besëtz vum Jemp GILLEN gewisen, ënnert anerem och seng KZ Uniform aus Dachau. Och déi néi Filmproduktioun, un där d’Unioun bedeelegt ass, a wou déi eemoleg Flucht vu 4 politesche Prisonéier, dorënner zwee Lëtzebuerger, aus dem KZ Ausselager Arolsen thematiséiert gëtt, ass bei de Visiteuren op groussen Interessi gestouss.

Donieft koumen eis Membere Fabien FLIES,  Marie-Rose GILLEN, Marc KIMMEN, Marc TROSSEN a Claude VANDIVINIT och an d’Gespréich mat Visiteuren, déi sech fir d’Geschicht vun der Unioun interesséiert hunn, mam Resultat, datt d’Unioun rëm 4 néi Membere bäikritt huet. Hinne 4 en häerzleche Wëllkomm an der Unioun.

Wann Dir nach un där enger oder aner Publikatioun vun der Unioun interesséiert sidd, zéckt net fir eis ze kontaktéieren iwwert eis E-Mail Adress: contact@unioun.lu. Besonnesch déi néi Publikatioun iwwert de Jemp GILLEN  ass schonn esou gutt wéi ausverkaaft, dofir maacht iech bäi.