Gëlle Fra

Interessantes aus den Archive vun der UNIOUN

Claude Vandivinit

Photo: Tony Krier, in: Luxembourg Martyr 1940-1945

Gläich no der Liberatioun schéngt et eng Polemik ginn ze hunn iwwert den Ofrëss vun der Gëlle Fra, den 21. Oktober 1940. Et gouf sech gefrot, ob och Lëtzebuerger Firmen dru bedeelegt waren an ob d’Servicer vun der Stad Lëtzebuerg dës Aarbechten vun sech aus oder nëmmen ënner groussem Drock vum däitsche Besatzer ausgefouert haten?

An den Zäitschrëfte vum Joer 1945 ass net extra vill doriwwer gewuer ze ginn, ofgesi vu Behaaptunge wéi déi hei aus dem Organ vun der Unioun (’Unio’n_1945-10- 24_p2):

“Ons lëtzebuerger entrepreuneren hun sech zwar gestriéwt, d'”Gëlle Fra” ofzereissen, mé en axepartner wor do, dén d’sâch besuergt huet. Judassen ass et nach all sei liéwe gin, fir wat solle mir am land keng hun?”1

Hei goufe schwéier Virwërf erhuewen géint e sougenannten « Axepartner », woumat wuel nëmmen eng Firma mat italieeneschen Affinitéite konnt gemengt sinn.

Et war deemools och nach net gewosst, wat genee mat den Iwwerreschter vum Monument geschitt war, déi an den zwou Wochen nom Ofrëss méi oder wéineger beschiedegt wechgeraumt gi sinn. Wou sinn d’Granit-Bléck mat den Inscriptiounen hikomm, di bronze Skulpture vun den zwee Zaldoten a besonnesch déi vun der “Gëlle Fra”? Di allgemeng verbreete Meenung war déi, datt d’Gëlle Fra vun den Nazien ageschmolt a fir d’Waffeproduktioun mëssbraucht gi wär. Et gouf awer och gären ënnerstrach, di beim Ofraume bedeelegt Servicer hätte probéiert, esou vill wéi méiglech Deeler vum Monument virum Zougrëff vun den Nazien ze retten. Sou ze liesen de 24. Februar 1945 am LW, an der Rubrik “Stad Lëtzebuerg :

– Um das “Monument du Souvenir”. Im Anschluss an unseren gestrigen Artikel über die geplante Wiedererrichtung des “Monument du Souvenir” wurde uns mitgeteilt, dass sowohl die “Gölle Fra” (allerdings beschädigt) wie die Bronzefiguren dank der Umsicht und der Besorgnis guter Patrioten dem Zugriff der Deutschen entzogen werden konnten. In einem in den Lagern der Firma Jacquemart befindlichen sicheren Versteck haben auch sie die Zeit der Schmach überlebt und werden, sobald die Arbeiten am Monument so weit sind, wieder an ihren alten Platz zurückkehren. So wurde auch hier, wie bei so manchen anderen Gelegenheiten, den Preußen ein Schnippchen geschlagen”2

Et sollt zwar net esou schnell goe wéi hei virausgesot, awer di verstoppte Skulpture si bekanntlech am Laf vun de Joren etappeweis erëm opgedaucht a konnten op hir ursprénglech Plaz zeréckbruecht ginn 3:

  • 1950 di zwee Zaldoten (opfonnt an engem Lager vun der Stad Lëtzebuerg ënnert engem Koup Paweesteng an engem quasi intakten Zoustand);
  • 1980 d’Gëlle Fra (entdeckt ënnert de Gradinë vum Stadion um Belair an engem éischter deplorablen Zoustand).

Wéi dës Skulpturen vun der Firma Jacquemart op déi Plaze komm waren, wou se spéider opgedaucht sinn, ass ons net bekannt.

Di folgend nach net repertoriéiert Dokumenter aus den Archive vun der Unioun kéinte vläicht zur Klärung vun den opgeworfene Froe bäidroen. Si waren dem Aloyse Raths, dem President vum „Conseil national de la résistance“, den 1.09.1975 vun der Mme Jacquemart zur Verfügung gestallt ginn.

Dokument 1 (drop klicke fir ze liesen)

Bréif vum 25.07.1945, an deem de Gustave Jacquemart dem Achilles Giorgetti zertifiéiert, dass hien Zeie war wéi dësen op zwou Reunioune mam Stad-Architekt formell refuséiert hätt d’Gëlle Fra ewechzehuelen. Donieft verweist hien op en offizielle Rapport vum Ingenieur en chef Clement, vum 2.01.1945, wou och vum Jacquemart sengem Refus rieds gaange wär. Et wären d’Gemengeservicer gewiescht, déi ënnert dem Drock vun den däitschen Autoritéiten dëse « Vandalismus » bedriwwen hätten.

Dokument 2

02.01.1945 (?) – Bréif vum Ingenieur-Directeur (Clement?) un de Schäfferot vun der Stad Lëtzebuerg, an deem hien sech verwiert géint Virwërf aus der Bevëlkerung, de Service des Travaux de la Ville de Luxembourg hätt den Ofrëss ganz oder bal ouni Drock vun de « Preise » realiséiert. Hien annexéiert als Beweis dogéint e Rapport iwwert den Evenement a rappelléiert, hien an de Stad-Architekt Petit hätten sech den 19. Oktober 1940 ouni Succès un de Schäfferot an un d’Regierungskommissioun adresséiert fir an där Saach Ënnerstëtzung ze kréien.

Dokument 3

27.12.1940 (oder 1944 ?)4 – Bericht über den Abbruch des Monument du Souvenir in Luxemburg, Stadtbaudirektor (mam Stempel: Ville de Luxembourg, Service des Travaux, Direction)

Den Direkter (Clement??) bestätegt an dësem Rapport déi weesentlech Punkte vun den Notizze vum Stad-Architekt Petit (Dok. 4). Hie schreift, wéi hien an de Petit, ë.a. nom Refus vu sämtlechen Entrepreneuren, vum Oberbürgermeister Hengst schrëftlech an ënner Undreeung vu Sanktiounen opgefuerdert gi wären, d’Aarbechte vum stättesche Bauamt ënnert senger Leedung duerchféieren ze loossen. Hien hätt mam Petit dann nach versicht Hëllef ze kréie beim Buergermeeschter a Schäfferot an esouguer bei der Regierungskommissioun (di spéider Verwaltungskommissioun). Dëst hätt zwar zu engem kuerzfristegen Opschuppen iwwert de Weekend gefouert, hätt awer net verhënnert, datt méindes drop de ganzen Obelisk mat Hëllef vun engem stole Seel vu Paul Würth an enger Dampwalz vu Karp-Kneip ëmgerass ginn ass.

Dokument 4

25.10.1940 – Notizen über den Verlauf des Abbruchs, Stadtarchitekt Petit

Hei beschreift de Stad-Architekt Petit am Detail wéi hien a seng Servicer mam Ofrëss vun der “Gëlle Fra” befaasst gi sinn, wéi eng Alternativen hie fir den Erhalt vum Monument virgeschloen hat (Ofschläife vun de franséischen Inscriptiounen am Sockel) a wéi e probéiert huet Zäit ze gewannen. Mir gi gewuer, wéi all Privat- Entreprisen, wéi d’Gebridder Jacquemart, Michel Frank & Fils, Giorgetti an anerer sech erausgeriet hu, well se déi Aarbechten net wollten duerchféieren, a wéi et dozou koum, datt d’Monument schliisslech einfach mat engem stole Seel vun enger Dampwalz ëmgerass ginn ass.

1 Vum 10. Mê 1940 bis den 10. September 1944 „erënnerongen“ 2. dél (all rechter virbehalen) nodrock verbueden Sondermeldongen … a „Monument du Souvenir”. In: D’Unio’n, 2. Jg., no 152 (24.10.1945), p. 2. [Digitised by the National Library of Luxembourg, https://persist.lu/ark:70795/4hmd4k/pages/2/articles/DTL41]

2 STÂD LËTZEBURG. In: Luxemburger Wort, 1945. Jg., no 55-56 (24.02.1945), p. 3. [Digitised by the National Library of Luxembourg, https://persist.lu/ark:70795/0th2cd/pages/3/articles/DTL60])

3 cf. Link: Luxembourg-city

4 Den Datum vun dësem Dokument gouf handschrëftlech op 1940 iwwerschriwwen. Vu wiem a virwat ass ons net bekannt? An engem Artikel vum Paul Dostert, deen sech a groussen Zich op dëst Dokument bezitt, gëtt den Auteur als Datum awer d’Joer 1944 un ! (cf. Paul Dostert : Die Zerstörung der Gëlle Frau am 21. Oktober 1940, in: Ons Stad, 60,1999, S. 16-18 (Artilkel liesen))