Assemblée générale 2023

De 4. November 2023 hat d’Unioun vun de Lëtzebuerger Resistenzorganisatiounen hir Generalversammlung zu Éiter a Presenz vu 35 Memberen.

D’Unioun gouf den 23. Mäerz 1944 an enger geheimer Sëtzung zu Bouneweg aus dem Zesummeschloss vun den 3 Resistenzgruppementer L.P.L. (Lëtzebuerger Patrioteliga), L.R.L. (Lëtzebuerger Roude Léiw)  an L.V.L. (Lëtzebuerger Vollekslegioun) gebilt. De “Lëtzebuerger Fräiheetsbond” ass aus Sécherheetsgrënn eréischt den 1. September 1944 offiziell bäigetratt. D’Unioun huet an de befreite Gebidder den alliéierten Truppen de Réck gestäerkt an ass agespronge fir d’ëffentlecht Liewen nei ze organiséieren an d’Sécherheet am Land ze garantéieren. Dofir huet si eng Miliz op d’Bee gestallt, déi enk mat den Alliéierten zesummegeschafft huet an doduerch och  Doudesaffer an hire Reien hat. D’Uniounisten hunn direkt nom Krich d’Versprieche ginn, d’Gedenken un hir Resistenzler, déi sou onvirstellbar an de Prisongen, am Kazett, an der Ëmsiidlung oder am Maquis gelidden hunn, héich ze halen.

Fir dësem Versprieche gerecht ze ginn, huet d’Unioun dëst Joer de Leidenswee vun hirem fréiere Member Jemp Gillen publizéiert: « Vom Partisaneneinsatz in Jugoslawien ins KZ Dachau: das Tagebuch von Jemp GILLEN, Soldat der Luxemburger Freiwilligenkompanie». De Jemp Gillen gouf als Zwangspolizist an de geféierleche Partisanenasaz a Jugoslawie geschéckt. Nodeems hie sech geweigert huet, den Eed op de Führer ofzeleeën, gouf hie fir schrecklech 3 Joer an 1 Mount an d’KZ Dachau agewisen.

Och huet d’Unioun dëst Joer un enger gréisserer Filmproduktioun matgeschafft, an där d’heroesch Flucht vu 4 politesche Prisonéier aus dem Ausselager Arolsen vum KZ Buchenwald thematiséiert gëtt.

A senger Usproch huet de Präsident vun der Unioun, Marc Trossen, en Ausbléck op zukënfteg Projetë ginn. Sou ass ënner anerem d’Unioun beméit, fir e Gedenksteen um Kierfecht zu Kranj a Slowenien opzeriichten, wou den 31. Oktober 1942 véier Lëtzebuerger aus der Fräiwëllegekompanie iertemlecherweis vu Partisanen erschoss an duerno anonym bäigesat goufen.

D’Unioun wëll och e Bäitrag dozou leeschten, datt an der Normandie, zu Ouistreham, an Zukunft eng Plack oder Stèle un déi 5 Lëtzebuerger erënnert, déi do de 6. Juni 1944 an de brittesch-franséische  Kommandoë gelant sinn.

Fir weider Informatiounen kënnt Dir gär nofroen op contact@unioun.lu