Gëlle Fra

Gläich no der Liberatioun schéngt et eng Polemik ginn ze hunn iwwert den Ofrëss vun der Gëlle Fra, den 21. Oktober 1940. Et gouf sech gefrot, ob och Lëtzebuerger Firmen dru bedeelegt waren an ob d'Servicer vun der Stad Lëtzebuerg dës Aarbechten vun sech aus oder nëmmen ënner groussem Drock vum däitsche Besatzer ausgefouert haten? Véier nach net repertoriéiert Dokumenter aus den Archive vun der Unioun kéinte vläicht zur Klärung vun den opgeworfene Froe bäidroen.

0 Kommentare