Erënnerungsfeier vir den 82. Gebuertsdag vum Debarquement vun den US-Rangers op der Pointe-du-Hoc an der Normandie de 6. Juni 1944

Erënnerungsfeier vir den 82. Gebuertsdag vum Debarquement vun den US-Rangers op der Pointe-du-Hoc an der Normandie den 6. Juni 1944 a Presenz vun enger Delegatioun vun der Amicale vun der Unioun vun de Lëtzebuerger Resistenzorganisatiounen (UNIOUN).

D’Amicale vun der UNIOUN war och dëst Joer erëm vum franséischen Organisatiounscomité ronderëm de Jean François PIRET invitéiert ginn, fir de 5. Juni 2026 un de Festivitéiten zur Erënnerungs un den Debarquement vun den US-Rangers op der Pointe-du-Hoc deelzehuelen.   

De Groussherzogtum Lëtzebuerg huet effektiv eng enk Bezéiung mat den US-Rangers an hirem Kommandant de Colonel James E. RUDDER, déi de 6. Juni 1944 op der Pointe-du-Hoc ënner grousse Verloschter u Land gaang sinn. De Colonel RUDDER a seng Elittezaldoten sinn, nodeem si zur Befreiung vu Frankräich bäigedroen haten, op Lëtzebuerg komm wou si am Norde vum Land (Ettelbréck, Dikrech, …) agesat waren, ier si am Grenzgebitt, am traureg bekannten Hürtgenwald, schrecklech gelidden hunn.  

Fir dem Colonel RUDDER a senge Rangeren hir Sacrificen fir ons Fräiheet ze wierdegen, hu Vertrieder vun der UNIOUN a Präsenz vun héije franséischen an amerikanesche Personalitéiten aus dem zivillen a militäresche Liewen e Blummenarrangement op der Platz wou dës Elittezaldoten de Fouss op onse Kontinent gesat hunn, geluecht.

Haten déi Verantwortlech fir d’Feierlechkeeten ëm d’Plage vun der Normandie dëst Joer wéinst der gespaanter politescher Lag an der Welt mat engem Réckgang vun den Zuelen vun de Visiteuren gerechent, sou si si enges Bessere geléiert ginn. Op um amerikanesche Militärkierfecht zu Colleville-sur-Mer, op der Omaha-Beach, der Pointe-du-Hoc oder op deen anere Plagen, wou déi Alliéiert de 6. Juni 1944 u Land gaange sinn, war et schwaarz vu Leit. Organisateuren hunn ons confirméiert datt dëst Joer esou vill Militärvehikelen un den Ëmzich Deel geholl hunn, dorënner och etlech Lëtzebuerger Gefierer, wéi nach ni. Vun der Willys-Jeep bis zum Shermann-Panzer war do alles vertrueden. Et war, wéi wann Europa déi Deeg den USA nach eng Kéier hiren opriichtegen Dank fir hir esou grouss Hëllef deemools wëllt ausdrécken.

D’Delegatioun vun der UNIOUN bei der Erënnerungsfeier an der Normandie (v.l.n.r.): Marc Trossen, Jean-François Piret, Claude Weber, Marie-Jeanne Maes mat der Mme le Maire vu Cricqueville-en-Bessin Pascale Vibet-LE Devin. Am Vierdergrond d'Gerbe, vun der UNIOUN.