Claude VANDIVINIT
Evakuatioun a Frankräich, Mee-August 1940

Format A4, 370 Säiten, méisproocheg (lëtzebuergesch, däitsch a franséisch, Imprimerie Heintz Péiteng

cv_book2

D’Buch befaasst sech mat der spontaner Flucht an der Evakuéierung vu bis zu 100.000 Awunner, virun allem aus de Süd-Gemengen, den 10. Mee 1940, wéi dem Hitler seng Truppen d’Lëtzebuerger Land iwwerfall hunn. Unhand vun engem onverëffentlechten Tagebuch, enger Rei vu méi oder wéineger bekannte Verëffentlechungen an Zeienaussoen a mat Hëllef vu villen Archiv-Dokumenten, versicht den Auteur d’Envergure vun dëser Episod, déi den Ufank vun der 5-järeger Besetzung vu Lëtzebuerg wiesentlech markéiert huet, méiglechst ëmfaassend ze ëmräissen an ze analyséieren. 

Dobäi gi folgend Froe behandelt.
– Virwat hunn esou vill Awunner hirt Heem musse verloossen? Wéisou sinn di eng a Frankräich, déi aner zu Lëtzebuerg evakuéiert ginn?
– Wéi war Lëtzebuerg op di däitsch Invasioun virbereet? Wéi sollt d’Bevëlkerung virun de Gefore geschützt ginn?
– Wéi war et méiglech, datt ronn 50.000 Awunner a knapp 2 Deeg konnten a Frankräich evakuéiert ginn, obwuel et keng Virbereedungen an där Hisiicht ginn hat?
– Wéi sinn di Méint vun der Evakuatioun bis zum Rapatriement verlaf? Wéi eng Rollen hunn di franséisch, di däitsch oder di lëtzebuergesch Instanzen dobäi gespillt?

Rezensioun