Marc TROSSEN
Les Luxembourgeois en France de 1940 à 1945, résistants, réfractaires, juifs, maquisards, déserteurs, émigrés, …

Format A4, 370 Säiten, méisproocheg (lëtzebuergesch, däitsch a franséisch, Imprimerie Heintz Péiteng

mt_book2

Vu September 1940 bis Oktober 1944 hu 600-1000 Lëtzebuerger zäitweileg, oft esouguer fir e puer Joer, a Frankräich Schutz gesicht. Ënner hinne Resistenzler, Judden, Agente vum Geheimdéngscht, Gewerkschaftler a Politiker, ausgewise Geeschtlecher, Refraktären an ë sëllechen Deserteuren. Eng Rei vun hinnen hunn sech der Resistenz ugeschloss oder sinn an de franséische Maquis gaangen, fir bei der Befreiung vu Frankräich matzehëllefen. Aneren ass et gelongen an England ze flüchten, vu wou si de 6. Juni 1944 als Zaldoten an de Reie vun den Alliéierten zeréckkoumen.
Dëst Buch erzielt d’Geschichte vun dëse Flüchtlingen, op der Basis vun hire perséinleche Rapporten an den intensive Recherche vum Auteur an den Archiven.
Dobäi gëtt och versicht eng Äntwert ze fannen op folgend Froen: 
– Wéi eng Rollen hunn d’Lëtzebuerger Rout Kräiz an di Lëtzebuerger Exil-Regierung a Frankräich gespillt? 
– Gouf et a Frankräich Verréider, fir déi d’Land sech musse schummen? 
75 Joer duerno gëtt hei versicht eng Bilanz ze zéien!