Kuerz no der Befreiung vum KZ Mauthausen a sengen nobäi 50 Niewelageren (Ebensee, Gusen, Melk,…) de 5. a 6. Mee 1945 hat sech ënnert deenen 114 lëtzebuergeschen Iwwerliewenden e Frëndeskrees gebilt fir d´Undenken un hir 62 Frënn wakereg ze halen déi di schrecklech Strapazen am KZ nët iwwerlieft haten.
Zum Komplex Mauthausen hu Lagere vun der brutaalster Zort gehéiert, sou virun allem Mauthausen selwer a Gusen, déi zur „Lagerstufe 3“ gehéiert hunn, wou d´Nazie „Vernichtung durch Arbeit“ praktizéiert hunn. „Rückkehr unerwünscht“ huet et fir ganz vill Prisonéier geheescht, déi zur Zwangsaarbecht dohinner deportéiert goufen. Ongeféier 200.000 Gefaangener aus iwwer 50 Natiounen huet Mauthausen vun 1938 bis 1945 gezielt, dovun ass méi wéi d´Halschent ëmkomm. Déi allermeescht vun de Lëtzebuerger zu Mauthausen ware politesch Prisonnéier, well si aktiv Resistenz géint dem Gauleiter Simon seng „Heim-ins-Reich“ Politik gemaach hunn.
D´Amicale vun de Lëtzebuerger huet sech als Zil gesat, fir d´frëndschaftlech Bezéiungen tëschent de fréiere Prisonéier an hire Familljen ze festegen. Et goufen – a ginn och haut nach – réegelméisseg Gedenkreesen op Mauthausen organiséiert, zesumme mat Frënn a Bekannten, an zënter 1968 och mat Schoulklassen.
1983 huet d´Amicale sech Statute ginn an deenen nieft dem Erënneren och d´Verstoen als Zil festgehale gouf; et ass der Amicale wichteg, dass speziell déi Jonk bei der Visitt vum KZ besser verstinn, wéi wäit Rechtsradikalitéit a Rassismus kënne féieren.
Am Joer 2021 huet d´ Mauthausener Amicale sech als Associatioun ouni Gewënnzweck (a.s.b.l.) konstituéiert fir op déi Manéier hir Visibilitéit bei Regierung an Ëffentlechkeet ze stäerken an doduerch méi effikass bei der Ëmsetzung vun hiren Ziler kënne virzegoen.
(P.H. Mee, 2023)
Weider Informatioune fënnt een an der Publikatioun “KL-Mauthausen, un carnet de notes“, erofluedbar um site vum „Comité pour la mémoire de la deuxième guerre mondiale“
Kontakt fir weider Froen: Guy Dockendorf, Sekretär vun der Amicale Mauthausen, 61, Promenade de la Sûre, L-9283 Diekirch, Tél.: 621-255 607; E-Mail: guy.dockendorf@culture.lu