Synopsis « Operatioun Pauly »

De 4. Juni 1944 ass et véier politesche Prisonéier (zwee Lëtzebuerger, e Belsch an e Pol) gelongen, a geklauten SS-Uniformen, an engem gefléckten SS-Auto a mat gefälschte Pabeieren aus engem Niewelager vum KZ Buchenwald fortzekommen.
Am Drëtte Räich gouf mat Hëllef vun enger Täterbeschreiwung intensiv no de véier Prisonéier gesicht an och eng Belounung vu 50.000 Reichsmark op si ausgesat.
Bei hirer dramatescher Flucht queesch duerch d’Drëtt Räich waren déi véier jonk Männer permanent liewensgeféierleche Situatiounen ausgesat. Si hu permanent riskéiert, an eng Kontroll ze falen. Méi wéi eemol si si ganz knapp dem sécheren Dout entgaangen.
De gefälschte Marschbefehl „SS-General Pauly mit drei Begleiter auf geheimer Mission nach Saarbrücken“, d’Kalbliddegkeet, mat där déi véier Prisonnéier opgetruede sinn an déi gutt Däitschkenntnisser vun den zwee Lëtzebuerger Wolff a Schaul hunn hinne méi wéi eemol d’Liewe gerett.
Nodeems hinnen de Bensinn ausgaangen ass a si dowéinst e Gewaltmarsch duerch den Honnsréck an eng geféierlech Faart mat der Bunn riskéiert hunn, goufen déi véier falsch SS-Männer vun der Gestapo an enger „Schenke“ … entdeckt!
Dëse Film ass keng Fiktioun, mee batter Realitéit. Op Basis vu villen Dokumenter, Aussoe vun Zäitzeien, Bild- an Archivmaterial aus dem KZ Buchenwald an aus dem Niewelager Arolsen, soll dëse Film e genaut Bild erëmspigelen, wat deemools passéiert ass a wéi et de véier Prisonéier gelongen ass, an engem reegelrechten „Himmelfahrtskommando“ de Nazien ze entwëschen.