Onsen Ausflug vum 22. November 2025 op Houffalize an op Manhay (Ardennes belges, province de Luxembourg)

Och eng äiseg Keelt konnt 11 Leit vun der Amicale UNIOUN net dovun ofhalen, deen Dag op déi heroesch Resistenz vun den Amerikaner an der Rundstedtoffensiv an op d’Leide vun der deemoleger Bevëlkerung an den Ardennen, zréckzekucken.

Zu Houffalize ass, ronderëm deen eréischt kierzlech restauréierten däitsche Panther, deen am Januar 1945, an de lëschten Deeg vun der Ardenneschluecht an der Lokalitéit selwer, op enger Bréck un d’Rutsche koum an do an de Floss Ourthe gefall war, e klenge Musée entstan.

No der Visite vun dësem Musée si mir, ënner der Féierung vun onsem Guide David Schweitzer op de Lieu-dit  Trou du loup, gefuer, wou de Virstouss vun den Däitschen an der Bataille des Ardennes ofgebremst ginn ass. Den US-Kaperol Richard F. WIEGAND konnt op der Plaz, de 25. Dezember 1944, direkt den éischte vun engem Grupp vun 8 Panthere mat enger Bazooka ofschéissen.

De weideren heftege Beschoss vun den Amerikaner huet déi aner Panzere gezwongen, ëmzedréien. De Mut vun de GIs aus der 75. Divisioun, 289 Regiment, Kompanie K, der de WIEGAND ugehéiert huet, kënne mir nëmme bewonneren.

Weider um Programm stoung uschléissend d’Visite vum Musée vu Manhay (Carrefour Grandmenil), duerch deen onse Member David, e Frënd vun deem Musée, onse Grupp geféiert huet.

Dëse Musée ass vun engem geschichtsbegeeschterte Privaten tëscht 2017 an 2019 opgeriicht a finanzéiert ginn.

Op der Kräizung, virun dem Musée steet och e Panther, deen deemnächst soll restauréiert ginn.