Opklärung

Virun zwee Joer hu mir decidéiert fir zesumme mam Marc Thoma déi aussergewéinlech Flucht vum Nicolas Wolff an dem Pierre Schaul aus engem Niewelager vum KZ Buchenwald ze verfilmen.

Mir, d’Unioun asbl., sinn als Produzent vum Film „Operatioun Pauly“ beim Filmfong virstelleg ginn, fir als Asbl. via carte blanche déi kleng, mee maximal méiglech Ënnerstëtzung vun 22.500€ unzefroen.

Nodeems den Direkter vum Filmfong Guy Gustave Daleiden eis gefrot huet, wien dann de Regisseur wier, war eis séier kloer, dass hien eis Demande géif ofweisen. Dat huet hien och duerchblécke gelooss mam Argument, déi Geschicht géif no 80 Joer kee méi interesséieren.
Trotzdeem hu mir dunn déi vum Filmfong virgeschriwwe schrëftlech administrativ Prozedur vun enger Demande „carte blanche“ gemaach a kruten e knappen negative Bescheed.

Et muss een awer wëssen, dass eise Regisseur Marc Thoma beim Filmfong eng „persona non grata“ ass, et pour cause: Als fréieren investigative Journalist hat hien zesumme mat Kolleegen aus der geschriwwener Press enquêtéiert an erausfonnt, dass net alles koscher beim Filmfong géif lafen.

En Audit an d‘Cour des comptes hunn dat och festgestallt an eng Rëtsch Irregularitéiten dokumentéiert. Och nozeliesen ënnert „reporter.lu „a „guykaiser.lu“.

Wat den Artikel am Lëtzebuerger Wort vum 21.9.2024 aus der Fieder vum Marc Thill ugeet, an deem kloer eng falsch Informatioun dra steet, muss ee wëssen, dass dësen Här zënter Jore vu senger Positioun am Wort profitéiert, fir stänneg de Filmfong an den Himmel ze luewen. Vu Kritik keng Spuer. Objektive Journalismus gesäit anescht aus!

De Comité vun der Unioun vun de Lëtzebuerger Resistenzorganisatiounen huet d’Pflicht, d’Saache richteg duerzestellen an hir Memberen opzeklären, wéi d‘Verflechtungen hei zu Lëtzebuerg fonctionéiren.

Den Här Thill an den Här Daleiden solle wëssen, dass mir als Nofolger vun de Lëtzebuerger Resistenzler net esou schnell bei sou duerchsichtegen a béiswellegen Aktiounen ëmfalen, ganz am Géigendeel.

Fir d’Unioun vun de Lëtzebuerger Resistenzorganisatiounen A.s.b.l.
De Comité