{"id":53,"date":"2022-04-06T11:58:12","date_gmt":"2022-04-06T11:58:12","guid":{"rendered":"http:\/\/localhost\/unioun\/?page_id=53"},"modified":"2023-07-05T08:25:20","modified_gmt":"2023-07-05T08:25:20","slug":"historique","status":"publish","type":"page","link":"https:\/\/unioun.lu\/wordpress\/index.php\/historique\/","title":{"rendered":"Historique"},"content":{"rendered":"\n<h1 class=\"wp-block-heading\">E klengen Historique vun der Unioun vun de L\u00ebtzebuerger Resistenzorganisatiounen<\/h1>\n\n\n\n<p class=\"has-drop-cap\" style=\"font-size:18px\">Am Krich, den 23. M\u00e4erz 1944, hu sech d\u00e9i 3 Resistenzorganisatiounen&nbsp;<a rel=\"noreferrer noopener\" href=\"https:\/\/lb.wikipedia.org\/wiki\/L%C3%ABtzeburger_Patriote_Liga\" target=\"_blank\">L.P.L<\/a>.,&nbsp;<a rel=\"noreferrer noopener\" href=\"https:\/\/lb.wikipedia.org\/wiki\/Letzeburger_Ro%27de_L%C3%A9%27w\" target=\"_blank\">L.R.L<\/a>. an&nbsp;<a rel=\"noreferrer noopener\" href=\"https:\/\/lb.wikipedia.org\/wiki\/Letzeburger_Vollekslegio%27n\" target=\"_blank\">L.V.L.<\/a>&nbsp;zesummegeschloss, an d\u2019UNIO\u2018N gebilt (<a rel=\"noreferrer noopener\" href=\"https:\/\/unioun.lu\/resources\/Unioun-Proklamatioun.jpg\" target=\"_blank\">Proklamatioun<\/a>). D\u00e9i Z\u00e4it wor e v\u00e9ierte Grupp, de \u201e<a rel=\"noreferrer noopener\" href=\"https:\/\/lb.wikipedia.org\/wiki\/Letzeburger_Freih%C3%A9tsbond\" target=\"_blank\">L\u00ebtzebuerger Fr\u00e4iheetsbond<\/a>\u201c, och a reegem Kontakt mat der UNIO\u2018N, d\u00e4r hien awer, aus S\u00e9cherheetsgr\u00ebnn, er\u00e9ischt den 1. September 1944 offiziell b\u00e4igetratt ass.Scho laang virun deem Datum war de Message vun den Alli\u00e9ierten op L\u00ebtzebuerg iwwerbruecht ginn, datt d\u00e9i verschidde Resistenzgruppe sech sollten an enger eenzeger iwwergr\u00e4ifender Organisatioun zesummeschl\u00e9issen. Esou k\u00e9inte si m\u00e9i effikass g\u00e9int den Okkupant virgoen, an duerno an de befreite Gebidder den alli\u00e9ierten Truppen de R\u00e9ck vun \u00ebnnergedauchte Nazie fr\u00e4i halen. Si sollten dann och eisen Autorit\u00e9iten h\u00ebllefen, d\u2019Land er\u00ebm opzeriichten.<\/p>\n\n\n\n<p style=\"font-size:18px\"> An den \u00e9ischte Wochen no der Liberatioun konnte weder d\u2018Police, d\u2018Gendarmerie, d\u2018S\u00fbret\u00e9, d\u2019Arm\u00e9i nach d\u2019Post, d\u2018Eisebunn an esou weider, hir D\u00e9ngschter ophuelen. Op alle Plazen am Land hu verst\u00e4ndlecherweis Leit gefeelt an dach ware Stroossen, Schinnen, Telefonskabelen ze fl\u00e9cken, an dat besonnesch am \u00c9islek. D\u00e9i zu L\u00ebtzebuerg, a Frankr\u00e4ich oder an der Belsch verstoppte \u201eJongen\u201c sinn an d\u2019UNIO\u2019N agetratt an hunn de Resistenzler gehollef, d\u2019UNIO\u2019N ze verst\u00e4erken. Dob\u00e4i ass ze bemierken, datt d\u00e9i vill zwangsrekrut\u00e9iert \u201eJongen\u201c, d\u00e9i an alli\u00e9ierter Gefaangenschaft waren, er\u00e9ischt laang M\u00e9int nom Waffest\u00ebllstand an d\u2019UNIO\u2019N antriede konnten. <\/p>\n\n\n\n<p style=\"font-size:18px\">D\u2019UNIO\u2018N huet, w\u00e9i d\u2019Preisen \u201eHeim ins Reich\u201c gelaf sinn, eng Miliz op d\u2019Been gestallt, d\u00e9i enk mat den Amerikaner zesumme geschafft huet. Ons Leit souzen op de Sherman-Panzeren oder an de Jeepen, fir den Amerikaner an onser G\u00e9igend d\u2019Widderstandsn\u00e4schter vun der Wehrmacht ze weisen. D\u2018Milizm\u00e4nner stounge mat den Amerikaner Waach virun \u00ebffentleche Gebaier oder no laanscht d\u00e9i d\u00e4itsch Grenz, fir d\u00e9i a L\u00ebtzebuerg afalend d\u00e4itsch Stousstruppen ofzef\u00e4nken. Do ass besonnesch un d\u2019Miliz vu Veianen ze denken, d\u00e9i de Preisen op eng absolut heroesch Man\u00e9ier de Bass gehalen huet. Op villen anere Plazen war d\u2019Miliz vun der UNIO\u2019N am Asaz, esou z.B. zu Sch\u00ebtter wou, duerch een ongl\u00e9cklechen Zoufall, zwee Milizleit erschoss goufen. De Milizmann Jemp BERTRAND vu Minsbech a s\u00e4i Kolleg si mat engem Motorrad laanscht de Kaffishaff gefuer, fir ze kucken, op nach Preisen an der G\u00e9igend w\u00e4ren. Zu Manternach ass esou eng \u00e4nlech Faart tragesch ausgaangen, an zwee Milizleit si vun de Preisen erschoss ginn an ee weideren ass schw\u00e9ier bless\u00e9iert ginn.<\/p>\n\n\n\n<p style=\"font-size:18px\">D\u2019UNIO\u2019N huet och de gudde L\u00ebtzebuerger, d\u00e9i nach net aus der \u00cbmsiidlung oder Gefaangenschaft er\u00ebm waren, hiren Eegentum bewaache gelooss. D\u2018Unionisten hunn drop gedr\u00e9ckt, fir d\u2018l\u00ebtzebuergesch Kazettler aus der Friemd an d\u2019Land zr\u00e9ckzehuelen a si sinn souguer selwer an d\u2018Kazett Buchenwald gefuer, fir ons Resistenzler vun do heemzebr\u00e9ngen. Doheem hu si och d\u00e9i Leit, d\u00e9i oft guer n\u00e4ischt m\u00e9i haten, finanziell \u00ebnnerst\u00ebtzt. Si hunn sech de Kanner vun de Resistenz-M\u00e4rtyrer finanziell ugeholl, an hunn dat och nach laang Joren duerno gemaach. Si hunn Awunner aus verschiddenen Uertschaften, besonnesch am \u00c9islek, mat Liewensm\u00ebttele versuergt an hunn Transporter fir si gemaach. Si hunn och Zertifikater a Persoune-Beuerteelungen ausgestallt. Si hunn de Leit gehollef, wou si n\u00ebmme konnten. <\/p>\n\n\n\n<p style=\"font-size:18px\">Eng vun den Haaptaufgabe vun der UNIO\u2019N war, d\u2019Kollaborateuren ze verhaften a si an d\u00e9i verschidde Prisongen am Land ze f\u00e9ieren an do ze bewaachen. Do ass et och emol duerch de graffe Beidel gaangen. Deen een oder aneren, deen en Offiz\u00e9ier vum Wehrmachtskommando aus der Stad mat Hamen an Zoossisse bestach hat, fir s\u00e4i Jong vun der Wehrmacht zr\u00e9ckgesat ze kr\u00e9ien, huet sech dann emol mat e puer Gielem\u00e4nnercher an engem Schw\u00e9ngsstall agespaart er\u00ebmfonnt, an huet do op s\u00e4in Oftransport an de Grond gewaart. Natierlech sinn do Iwwergr\u00ebffer geschitt. Et muss een awer verstoen, datt e Jong, deen en halleft oder e ganzt Joer permanent an Doudesgefor war, an deen an engem B\u00ebsch oder an enger Scheier verstoppt souz, dem Ortsgruppenleiter aus sengem Duerf no der Liberatioun op mannst e kr\u00e4ftege Fouss hanneb\u00e4i wollt ginn. An deem Kontext sinn awer wierklech grave Saache geschitt, d\u00e9i een natierlech muss condamn\u00e9ieren. Do hu mir zu L\u00ebtzebuerg awer absolut keng Ausnam gemaach. A Frankr\u00e4ich, Holland oder an der Belsch wor d\u2019Roserei op d\u00e9i Landesverr\u00e9ider op mannst esou grouss.<\/p>\n\n\n\n<hr class=\"wp-block-separator has-css-opacity\"\/>\n\n\n\n<p>Fir m\u00e9i Informatiounen, kuck d&#8216;<a href=\"https:\/\/unioun.lu\/wordpress\/index.php\/archives\/\" data-type=\"page\" data-id=\"74\">Archiven<\/a><\/p>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>E klengen Historique vun der Unioun vun de L\u00ebtzebuerger Resistenzorganisatiounen Am Krich, den 23. M\u00e4erz 1944, hu sech d\u00e9i 3 Resistenzorganisatiounen&nbsp;L.P.L.,&nbsp;L.R.L. an&nbsp;L.V.L.&nbsp;zesummegeschloss, an d\u2019UNIO\u2018N gebilt (Proklamatioun). D\u00e9i Z\u00e4it wor e v\u00e9ierte Grupp, de \u201eL\u00ebtzebuerger Fr\u00e4iheetsbond\u201c, och a reegem Kontakt mat der UNIO\u2018N, d\u00e4r hien awer, aus S\u00e9cherheetsgr\u00ebnn, er\u00e9ischt den 1. September 1944 offiziell b\u00e4igetratt ass.Scho [&hellip;]<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":0,"parent":0,"menu_order":0,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","template":"elementor_theme","meta":{"ocean_post_layout":"","ocean_both_sidebars_style":"","ocean_both_sidebars_content_width":0,"ocean_both_sidebars_sidebars_width":0,"ocean_sidebar":"0","ocean_second_sidebar":"0","ocean_disable_margins":"enable","ocean_add_body_class":"","ocean_shortcode_before_top_bar":"","ocean_shortcode_after_top_bar":"","ocean_shortcode_before_header":"","ocean_shortcode_after_header":"","ocean_has_shortcode":"","ocean_shortcode_after_title":"","ocean_shortcode_before_footer_widgets":"","ocean_shortcode_after_footer_widgets":"","ocean_shortcode_before_footer_bottom":"","ocean_shortcode_after_footer_bottom":"","ocean_display_top_bar":"default","ocean_display_header":"default","ocean_header_style":"","ocean_center_header_left_menu":"0","ocean_custom_header_template":"0","ocean_custom_logo":0,"ocean_custom_retina_logo":0,"ocean_custom_logo_max_width":0,"ocean_custom_logo_tablet_max_width":0,"ocean_custom_logo_mobile_max_width":0,"ocean_custom_logo_max_height":0,"ocean_custom_logo_tablet_max_height":0,"ocean_custom_logo_mobile_max_height":0,"ocean_header_custom_menu":"0","ocean_menu_typo_font_family":"0","ocean_menu_typo_font_subset":"","ocean_menu_typo_font_size":0,"ocean_menu_typo_font_size_tablet":0,"ocean_menu_typo_font_size_mobile":0,"ocean_menu_typo_font_size_unit":"px","ocean_menu_typo_font_weight":"","ocean_menu_typo_font_weight_tablet":"","ocean_menu_typo_font_weight_mobile":"","ocean_menu_typo_transform":"","ocean_menu_typo_transform_tablet":"","ocean_menu_typo_transform_mobile":"","ocean_menu_typo_line_height":0,"ocean_menu_typo_line_height_tablet":0,"ocean_menu_typo_line_height_mobile":0,"ocean_menu_typo_line_height_unit":"","ocean_menu_typo_spacing":0,"ocean_menu_typo_spacing_tablet":0,"ocean_menu_typo_spacing_mobile":0,"ocean_menu_typo_spacing_unit":"","ocean_menu_link_color":"","ocean_menu_link_color_hover":"","ocean_menu_link_color_active":"","ocean_menu_link_background":"","ocean_menu_link_hover_background":"","ocean_menu_link_active_background":"","ocean_menu_social_links_bg":"","ocean_menu_social_hover_links_bg":"","ocean_menu_social_links_color":"","ocean_menu_social_hover_links_color":"","ocean_disable_title":"default","ocean_disable_heading":"default","ocean_post_title":"","ocean_post_subheading":"","ocean_post_title_style":"","ocean_post_title_background_color":"","ocean_post_title_background":0,"ocean_post_title_bg_image_position":"","ocean_post_title_bg_image_attachment":"","ocean_post_title_bg_image_repeat":"","ocean_post_title_bg_image_size":"","ocean_post_title_height":0,"ocean_post_title_bg_overlay":0.5,"ocean_post_title_bg_overlay_color":"","ocean_disable_breadcrumbs":"default","ocean_breadcrumbs_color":"","ocean_breadcrumbs_separator_color":"","ocean_breadcrumbs_links_color":"","ocean_breadcrumbs_links_hover_color":"","ocean_display_footer_widgets":"default","ocean_display_footer_bottom":"default","ocean_custom_footer_template":"0","footnotes":""},"class_list":["post-53","page","type-page","status-publish","hentry","entry"],"jetpack_sharing_enabled":true,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/unioun.lu\/wordpress\/index.php\/wp-json\/wp\/v2\/pages\/53","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/unioun.lu\/wordpress\/index.php\/wp-json\/wp\/v2\/pages"}],"about":[{"href":"https:\/\/unioun.lu\/wordpress\/index.php\/wp-json\/wp\/v2\/types\/page"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/unioun.lu\/wordpress\/index.php\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/unioun.lu\/wordpress\/index.php\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=53"}],"version-history":[{"count":13,"href":"https:\/\/unioun.lu\/wordpress\/index.php\/wp-json\/wp\/v2\/pages\/53\/revisions"}],"predecessor-version":[{"id":1351,"href":"https:\/\/unioun.lu\/wordpress\/index.php\/wp-json\/wp\/v2\/pages\/53\/revisions\/1351"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/unioun.lu\/wordpress\/index.php\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=53"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}